Detailer vu feierlecher Tournée vu groussherzoglecher Koppel sinn elo bekannt

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
An engem Mount, den 3. Oktober freides, wäert den Ierfgroussherzog Guillaume an der Chamber säin Eed als Staatschef ofleeën.
Dat nodeems de Grand-Duc Henri virdru vu senge Funktiounen zeréckgetrueden ass. Samschdes ass dann den Dag, wou och d'Vollek am ganze Land op de Been ass, fir ze feieren an do ginn et lo weider Detailer zum Oflaf.
Gewosst war jo, datt den nei vereedegte Grand-Duc Guillaume mat senger Fra samschdes nomëttes eng feierlech Tournée duerch d'Land mécht: d'Etappen an d'Sujete sinn elo public: Lass geet et um 13 Auer zu Gréiwemaacher, wou de Sport an de Benevolat am Mëttelpunkt stinn. Weider geet et da vun der Musel op Wolz.
An der Gënzestad gëtt wärend engem Openthalt vun enger Stonn d'multikulturellt Zesummeliewen ervirgestach mat der kultureller Pluralitéit vun allen Natiounen, déi am Land beienee liewen.
Um 16.30 Auer ass dann zu Stengefort e weidere Rendez-Vous, deen awer net public ass. Do besicht d'groussherzoglech Koppel Patienten an eeler Leit am kommunale Spidol, woumat och den Asaz vum Fleegepersonal soll geéiert ginn.
Weider Etapp dann zu Diddeleng, wou tëscht 18 an 19 Auer owes en Danz-Spektakel de Wandel vun der Gesellschaft soll beliichten. Och nom Depart vun den héije Gäscht geet am Minett d'Volleksfest weider. Lescht Etapp an Héichpunkt ass da vun 20 Auer un an der Stad bei der Rouder Bréck an um Glacis. Hei ass e spezielle Spektakel mat Choreographien, enger Drone-Show, faarwegen Trammen a vill Musek virgesinn, wou virun allem d'Lëtzebuerger Musekszeen wäert op der Bün zelebréiert ginn. E feierlechen Te Deum schléisst Sonndes, de Weekend vum Trounwiessel of.

RTL ass bei allen Amenter vum Trounwiessel an natierlech och bei der feierlecher Tournée duerch 5 Ecken vum Land live mat dobäi, sief et op der Tëlee , dem Radio, Online an op eise soziale Reseauen!
Weider Updates ginn et trounwiessel.lu