Op Palma de Mallorca sollt déi 6 Kilometer laang Plage eigentlech e ganzt neit Gesiicht kréien.

Dat war scho virun enger halwer Dose Joeren decidéiert ginn, mä de Projet a Milliardenhéicht gouf elo gréisstendeels op Äis geluecht, well et eng grouss Oppositioun bei der Populatioun gëtt.

Et ass net kloer wéini d'Pläng iwwerschafft ginn, mä virun de Regionalwahlen am Mee, dierft op alle Fall näischt méi  geschéien, sot d'Tourismusministesch vun der Baleareninsel.

D'Federatioun vun den Hotelieren ass iwwerhaapt net zefridden.
Si schwätzt vun där schlëmmster Léisung, déi ee sech ka virstellen.