Et ass quasi schonn en historesche Moment an der Welt vun der Moud, d'Anna Wintour huet eng nei Leedung beim US-Magasinn Vogue annoncéiert.

Am Juni hat d'Anna Wintour annoncéiert, sech als Vogue-Cheffin wëllen zeréckzezéien. Wann een esou wëll, en hallwe Réckzuch, déi legendär Chefredactrice wäert nämlech weiderhin d'Fiedem am Hannergrond zéien a wëll sech méi op "e villschichtege Wuesstem vum US-Magasinn konzentréieren" respektiv déi "global Zilgruppen ausbauen".

Wéi Vogue en Dënschdeg bekannt ginn huet, gëtt déi fréier Online-Cheffin Chloe Malle nei "Head of Editorial Content". Si huet 39 Joer an ass schonn zanter 2011 beim Magasinn dobäi.

Ugefaangen huet si als Co-Moderatrice vum erfollegräiche Vogue-Podcast "The Tun-Through", huet kuerz drop als Social Editior duerchgestart an huet sech quasi duerch all Beräicher vum Konzern geschafft. Wéi si am Hierscht 2023 d'Leedung vu "Vogue.com" iwwerholl huet, huet sech den Trafic op der Websäit verduebelt. Wann ee sech deemno bei der Vogue auskennt, dann d'Chloe Malle. Si wier scho laang "eng Geheimwaff, wann et ëm Moudetrends geet", huet d'Anna Wintour iwwer hir Nofollgerin geschwäermt. Si géif wéi déi bescht Designer esouwuel d'Moud wéi och hiert Gesamtkonzept begräifen .

D'Chloe Malle huet sech selwer iwwerwältegt gewisen iwwert hir nei Aufgab. Si wier dankbar a privilegéiert, d'Anne Wintour als Mentorin un hire Säit ze hunn.