Mount NovemberEt gëtt nach vill méi Frëschwuer, wéi ee kéint mengen!

RTL Lëtzebuerg

Am November gëtt et vill méi Frëschwuer, wéi ee kéint mengen. Et kritt een nach Zalot wéi Mauséierchers a Ruccola, da gëtt et och Zelleri, rout Rommelen an net ze vergiesse Kabes! A wann een dee kacht, da kann een z. B. e puer Zellerisblieder mat an d’Waasser leeën, da richt et net esou streng …

Saisonskalenner November

An och wann dem Kabes heiansdo nogesot gëtt, et wier en Aarme-Leits-Geméis, soll een en net ënnerschätzen! Kabes ass e lokaalt Superfood par excellence! Superfood läit jo ganz am Trend wéinst senge ville wäertvollen Närstoffer, an do mussen et net onbedéngt Goji-Bieren aus China sinn. Do gëtt et lokal Alternativen, déi och nach méi präiswäert sinn, wéi Kabes, Brennnesselen, Sonneblummen- a Kürbiskären … an natierlech Nëss.

Superfood fir déi kal Saison

En anert lokaalt Superfood, dat am November Saison huet, ass Spackelter, deen, well en esou vill Vitaminn C huet an nawell sauer schmaacht.

Méi zu allem, wat et am November gëtt fannt Dir op www.regionalsaisonal.lu

Back to Top
CIM LOGO