Reaktiounen op AMMD-Entscheedung"Dat ass e schwaarzen Dag fir d'Gesondheetsversuergung"

Diana Hoffmann
D'Entscheedung vun der AMMD, keng nei Konventioun mat der CNS z'ënnerschreiwen, suergt fir Kritik.
© Envato Lelia_Milaya

Den OGBL an och déi politesch Oppositioun gesinn d'Gefor, datt de solidaresche Gesondheetssystem geschwächt kéint ginn. Gläichzäiteg gëtt awer och zougestanen, datt et bei der Medezin an dem aktuelle System Reformbedarf gëtt.

D'Konventioun tëscht Dokteren an CNS leeft dësen Oktober aus. Well d'AMMD keng nei Konventioun ënnerschreiwe wëll, soll duerno e Reglement Grand-Ducal de legale Kader festleeën. Fir d'AMMD ass dat d'Konsequenz vun enger Verhandlung, bei där aus hirer Siicht weder d'Politik nach d'CNS bereet waren, déi néideg Ännerungen ze maachen. Besonnesch och bei der Moderniséierung vun der Medezin an der Revaloriséierung vun den Tariffer gesäit d'Dokteschassociatioun e Problem.

Fir d'Gewerkschaft geet et awer ëm méi wéi nëmmen eng gescheitert Verhandlung. D'OGBL-Presidentin Nora Back schwätzt vun engem „schwaarzen Dag fir d'Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg“. „Dat ass haut do net méi garantéiert. Dat heescht, fir eis ass elo mol als alleréischt Reaktioun, dass dat dote geféierlech ass an net gutt ass, weder fir d'Assuréen nach fir d'Ofsécherung vum ganze System“, seet d'Nora Back.

Den OGBL fäert, datt ouni Konventioun de Wee a Richtung Zwee-Klasse-Medezin méi einfach kéint ginn. D'AMMD weist dëse Virworf zeréck a betount, et géif virun allem ëm méi Fräiheet bei der Organisatioun vun der Medezin an ëm d'Tariffer goen.

Den LCGB wollt sech zu dësem Ament net zum Sujet äusseren. Et hätt een zur Kenntnis geholl, dass d'Konventioun net vun der AMMD ënnerschriwwe wäert ginn, heescht et.

„Et muss een erëm un en Dësch kommen“

D’Associatioun Médecins salariés hospitaliers (MHS) ass net frou iwwert déi aktuell Situatioun. D'Monique Reiff bedauert virun allem, datt d'Fronte sech an de leschte Méint verhäert hunn. D'Mediatioun wier gescheitert, elo misst et awer nees geléngen, d'Kommunikatioun opzebauen. „Et muss een awer erëm iergendwéi mediéieren. Et muss een erëm un en Dësch kommen, fir dass et viru geet mam Gesondheetssystem“, seet si.

D'MSH kann dobäi verschidde Kritikpunkte vun den Dokteren novollzéien. Bei der Revalorisatioun vun de „Lettres-clés“ wier d'Kommunikatioun net optimal gewiescht. 1,34 Prozent goufe proposéiert, duerno awer refuséiert, well de Maximum gefuerdert gouf. D'Resultat war eng Revalorisatioun vun Null. „Dat war eng onglécklech Kommunikatioun“, seet d'Monique Reiff. D'Revalorisatioun vun der Valeur vun der Lettre-clé hätt nämlech och en direkten Impakt op d'Fonctionéiere vun de Spideeler.

Gläichzäiteg fält et hir schwéier ze gesinn, datt grad d'Tariffer an d'„Convenance personnelle“ - also wat den Dokter dem Patient zousätzlech zum offiziellen Tarif ka verrechnen - déi zentral Problemer vum Gesondheetssystem solle sinn. Aus Spidolssiicht géife vill méi fundamental Froen op den Dësch gehéieren, wéi d'Entwécklung vun der Medezin, nei wëssenschaftlech Erkenntnisser, d'Uni an en Unispidol, awer och d'Digitaliséierung. „Mir wëllen op e Wee vun enger Digitalisatioun goen, dat heescht, dat sinn alles Problemer, déi sinn am Moment jo do guer net ugeschwat, an dat wär awer grad elo de Moment wichteg, fir iwwer esou Saachen och ze schwätzen“, betount d’Doktesch.

Kritik un der „Politik vum eidele Stull“

Och den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo gesäit d'Entscheedung vun der AMMD kritesch. Hie bedauert, datt een aus engem System vum Dialog erausgeet an domat riskéiert, datt d'Regierung d'Reegele schlussendlech per Reglement festleet.

Virun allem d'Iddi vun enger méi grousser Tarifffräiheet fir Doktere leent hien of. D'Tariffer misste fir d'Patienten transparent bleiwen, esou seng Argumentatioun. Wann Dokteren hir Präisser méi fräi kéinte festleeën an d'CNS just nach definéiert, wat rembourséiert gëtt, kéint dat zu méi grousse finanziellen Ënnerscheeder fir d'Patiente féieren. „Ech mengen et ass esou, dass d'Tariffer musse kloer a siichtbar si fir de Patient, wat den Tarif ass a wat dem Patient seng eege Bedeelegung ass“, seet de Politiker. Esou e System kéint senger Meenung no de Wee an eng Zwee-Klasse-Medezin opmaachen.

De Mars Di Bartolomeo weist awer och dorop hin, dass et bannent den Dokteren haut scho géinge grouss Ënnerscheeder beim Akommes bestoen. Et misst een dofir och d'Verdeelung vum „Gesamtkuch“ diskutéieren an d'Tariffer reegelméisseg un d'Komplexitéit an d'Zäit upassen, déi fir eenzel medezinesch Akten néideg sinn.

Bei der Fro, wien d'Schold un der aktueller Situatioun dréit, wëll d'Nora Back sech net op eng Säit schloen. Op der enger Säit wieren an der Vergaangenheet Versprieche vun der Regierung gemaach ginn, déi elo net agehale kéinte ginn. Dat hätt d'Dokterschaft an d'AMMD rose gemaach. Op där anerer Säit hätt sech d'Dokteschassociatioun an den Ae vun der Gewerkschaft „zu engem gewëssenen Deel radikaliséiert". Dobäi wier och net sécher, datt d'AMMD d'Meenung vun allen Doktere géing vertrieden.

Konventioun als Chance fir en Neistart

D'MSH wëll d'Kënnegung vun der aktueller Konventioun awer net nëmmen als Problem gesinn. Si kéint och eng Chance sinn, fir de System ze moderniséieren. Déi aktuell Konventioun staamt aus dem Joer 1993 an ass zanterhier duerch verschidden Avenanten ergänzt ginn.

De medezinesche System an d'Lëtzebuerger Gesellschaft hätte sech zanterhier awer staark verännert. Et géif also Sënn maachen, iwwer eng nei a méi modern Konventioun ze schwätzen. Dofir wëllt d’MSH nees d'Gespréich mat allen Acteuren ophuelen – mat der AMMD, der CNS an dem Gesondheetsministère. Och de Mars Di Bartolomeo hofft, datt d'Dier fir en Dialog nach net zou ass. Trotz de Problemer am Gesondheetssystem wier d'„Politik vum eidele Stull“ aus senger Siicht net de richtege Wee. „Déi léist een nëmmen, wann een se zesummen ugeet, amplaz dass een sech géigesäiteg Scholdzouweisunge mécht”, seet de Politiker.

Déi aktuell Konventioun kënnt am Oktober op en Enn. Fir d'Patienten ännert sech direkt awer näischt. D'Tariffer an d'Remboursementer sollen och nom Enn vun der Konventioun virleefeg d'selwecht bleiwen.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO