
D’Kanner vum Cycle 1 bis 4 hu sech Sponsore gesicht a sinn den 19. Mee hir Ronne gelaf. Ganzer 10.000 euro koumen esou zesummen. De Frédéric Haupert, Direkter vun der Vereenegung Care Luxembourg, huet de Check entgéintgeholl. Mat de Sue sollen den Äerdbiewenaffer a n der Tierkei an a Syrien gehollef ginn.
