Neie Männertrend
Metrosexuell ass out - elo kënnt spornosexuell!

Den Justin Bieber ass et. De Mario Balotelli ass et. De Vladimir Putin ass et. Spornosexuell ass den neien Trend bei de Männer.
Dir hutt keng Ahnung vu wat hei geschwat gëtt? Net schlëmm, Dir verpasst net vill!
Spornosexuell ass den neiste Begrëff fir Männer, déi besonnesch gär mat plakegem Uewerkierper poséieren an do hir Muskele weisen. Wouhir den Trend kënnt ass net eendäiteg, ma mat grousser Wahrscheinlechkeet aus dem Futtball. Dacks weise sech jo do d'Spiller vun der Gewënner-Equipe besonnesch begeeschtert nom Match an doen dann och hiren Trikot aus.
Ma esou laang ee sportlech an duerchtrainéiert Männer ze gesi kritt, gëtt et jo kee Grond sech iwwert deen Trend ze bekloen.
Am meeschte gelies