Ronn d'Hallschent vun der Wëldpopulatioun bei de Koalaen an Australien stierft un de Suitte vun enger sexuell iwwerdrobarer Krankheet.

Dowéinst gouf wärend iwwer engem Joerzéngt op der University of the Sunshine Coast un enger Impfung géint Chlamydie bei de Koalae geschafft. Doduerch, datt den australesche Regulateur de Vaccin elo zougelooss huet, kënnen d'Déieren am ganze Land geimpft ginn.

Haaptsächlech am Queensland an an New South Wales hunn d'Chlamydien d'Populatioun vun de Koalae quasi ausgerott. An deene Regioune leien "d'Quote vun der Infektioun bei ronn 50 Prozent an op verschiddene Plazen esouguer bei 70 Prozent", seet de Professer Peter Timms, deen d'Leedung bei der Erfuerschung vum Vaccin hat.

Bei Tester vum Vaccin koum eraus, datt dësen a 65 Prozent vun de Fäll verhënnert, datt e Koala am gebärfäegen Alter Chlamydien entwéckelt an doduerch eventuell kéint stierwen.

Bis ewell konnte krank Déiere just mat Antibioticke behandelt ginn. Dat huet d'Koalaen awer net virun enger Neiinfektioun geschützt an huet hir Verdauung op d'Kopp gehäit. Eng éischte Kéier gouf d'Krankheet viru 50 Joer bei de Koalae festgestallt. D'Déiere kënnen duerch eng Infektioun blann ginn, eng Bloseninfektioun kréien, onfruchtbar ginn a stierwen.

Bis ewell si vill Koalaen der Infektioun zum Affer gefall, wat hir Zuelen an der Natur drastesch reduzéiert huet. Grad un der Ostküst vun Australien ass déi indigeen Spezies vun den australeschen Autoritéiten als "vum Ausstierwe menacéiert" klasséiert.