
D’Villercher goufen a speziell kleng Behälter gepaakt, fir se illegal aus Guyana an d’USA ze schmuggelen. Déi improviséiert Käfeger aus Bigoudien hate keen Deckel, mä Netzer, fir dass d’Déieren ënnert der Kleedung ootme konnten.
Op Nofro vun de Beamten hin huet de Mann gesot, dass hien 3.000 Dollar fir den Transport ugebuede krut. 500 Euro hätt hie scho kritt, wéi hien aus Georgetown fortgeflunn ass. De Rescht vun der Zomm sollt hie bei der Iwwergab vun de Villercher kréien.
Hie koum géint eng Kautioun vu 25.000 US-Dollar nees fräi.