
Vill Leit fannen hautdesdaags hir grouss Léift op Tinder. Ma heiansdo entdeckt een nach ganz aner Saachen am Internet. Dës Erfarung huet e 17 Joer aalt Meedche gemaach, dat säin Hond huet misse schwéieren Häerzens ewechginn.
E puer Mol no lénks “geswiped”, well engem eng Persoun net zouseet, da mol no “riets”, well e Mann oder eng Fra interessant wierkt a scho kënnt et zu engem Match. Wéi kleng dës Welt ka sinn, dat gouf den Hondsbesëtzer Jim dës Lescht gewuer. Well hien a säi Match allebéid Déierefrënn sinn, koume si séier op den Hond als Gespréichsthema. An do hu si eppes ganz Spezielles erausfonnt... Net nëmmen heescht dem Jim säi schwaarze Labrador Onyx, ma och d’Meedchen op der anerer Säit vum Ecran hat virun e puer Joer e Labrador, deen de selwechten Numm hat. Rengen Zoufall? Wuel kaum! Et handelt sech effektiv ëm de selwechte Mupp. Hatt huet hien 2018 missen zur Adoptioun fräiginn, wat him immens schwéier gefall ass. A keen anere wéi den Jim huet de Mupp kuerz drop adoptéiert.
Well sech allebéid sympathesch waren, koum et de 27. August zu hirem éischten Date. An do huet net just 1 Mann op d’Tinder-Bekanntschaft gewaart, mä direkt 2. Den Onyx war nämlech och mat dobäi. Op Twitter huet den Jim matgedeelt, dass deen Dag vill Tréine gefloss sinn. Et war e ganz emotionale Rendez-vous. Och wa sech de Véierbeener ufanks net un déi fréier Meeschtesch erënnert huet, hätt een zum Schluss vum Treffe gemierkt, dass eppes tëscht hinne war, sou den Jim. An domat net genuch: Den Hondsbesëtzer huet an de sozialen Netzwierker wësse gedoen, dass ee sech an Zukunft reegelméisseg gesi wäert. Wann dat kee perfekten “match” ass...