Mam Stär si mir elo am Automag ënnerwee. Jo di Mark mat eben dem Stär am Küler lancéiert am Moment ee Modell nom aneren. Elo war et dann un der neier C-Klass an et gouf och schonn de Voile gelëft fir de neie GLA.
Eemol Neivirstellung an eemol Sneak Preview, dat war de Programm am héijen Norden a Finnland, zu Helsinki a ronderëm.
Fänke mir mat der C-KLass un. Hei steet, ob elo bal 4m90, eng elegant Coupé Limousine. Kënnt an där dote Form just reng elektresch. Deen imposante beliichte Külergrill mat enger Multitude u Pixelen inclus. Den Design vum Stär dann och nach an de viischten an hënneschte Luuchten integréiert. Mat moderner Technik a remarkabeler Autonomie wëll e seriöt Wiertchen an der Mëttelklass matschwätzen. E steet op enger neier Plattform, déi fir effizient a leeschtungsstaark Modeller entwéckelt gouf.

Wat gëtt dann u Leeschtung gebueden?
Jo do sinn et, wéi beim GLC SUV-Modell, 489 PS an 800 Volt Technologie fir ze lueden. 4 Sekonnen op 100 an 210 à l’heure, dat ass méi wéi ok.
Seng 94kW Batterie géing 760 Kilometer erlaben. Bon esouwäit ware mir net mat him ënnerwee, mee a skandinavesche Länner, mat ganz vill Speed-Kameraen, kéint et geléngen.

Eise Verbrauch louch op engem ofwiesslungsräiche Parcours vun iwwer 200km awer bei tëscht 16.5 a 19kW.

Chic vu baussen, an dat gëllt och fir bannenan?
Jo do spréngt engem emol gläich den Hyperscreen vun 1 Meter an d'A. Do kann e sech da mat Info- an Entertainment defouléieren. All Update kënnt gläich, oder méi spéit "over the air".

Ganz eleganten Interieur mat bequeeme Sëtzer. Just schued dass op der Mëttelkonsol de Plastik ganz bëlleg wierkt, an dass d'Sëtzpositioun an der zweeter Rei net immens ass. D'Féiss passe wéinst der Batterie net ënnert d'Sëtzer. Fir en Auto an där dote Kategorie, schued.

Fir op d'Rees ginn et 470 Liter Mall, an 100 Liter Frunk vir.

E Klassiker weider geduecht, dee scho bestallt ka ginn. Mat der elektrescher C-Klass gëtt et modernen Design, intelligent digital Funktiounen, a vill Confort.

An da gouf et parallel nach eng Sneak Preview?
Genee, mee hei hu mir just dierfe kucken an upaken, mee net fueren. Dat ass den GLA, en SUV op 4m40, deen an tëscht scho seng Weltpremière hat. Hei kann e wielen ob e reng elektresch oder mat Hybrid-Moteure wëll ënnerwee sinn. E markanten Optrëtt kombinéiert mat enger moderner Designsprooch. Up to date an alle Kapitelen déi haut musse sinn, mécht och di dote Generatioun säi Wee bei Mercedes-Benz. Mir freeën eis da scho mol op en éischten Test.