Automag - Am AlldagstestToyota C-HR+ EV

Paul Origer
D'Elektromodeller vun Toyota waren net ëmmer déi beschte Produiten, déi se op de Marché bruecht hunn. Ma et huet sech vill gedoen, wéi de Paul Origer och bestätege kann.

Toyota an Elektro – dat war bis virun e puer Joer net déi grouss Léift. Ma am Mäerz huet den Hybrid-Pionéier mam neien C-HR+ scho säin zweete vollelektresche Modell lancéiert. An dee krut de Paul Origer, no der Presentatioun zu Malaga fir een Alldagstest hei heem.

Automag: Toyota C-HR+Alldagstest

Op der offizieller Presentatioun a Spuenien konnt den neien C-HR+ schonn zimmlech positiv ofschneiden – mee wéi meeschtert den Elektro-Toyota den Alldag? Dat huet de Paul Origer erausfonnt.

Den Design

SUV-Coupé oder héichgeluechte Fastback? Iwwert den Design dierf ee streiden, op jidde Fall ass den C-HR+ optesch net all ze vill no um “normalen” C-HR, deen iwweregens ausser dem Numm net vill mat em deelt. De Liftback-Mallendeckel an den eckegen Hënneschten sinn nawell opfälleg an net ëmmer praktesch, weder fir d'Iwwersiicht nach an nidderege Garagen.

© Paul Origer

Den Interieur

Laang net méi esou wuel gefillt an engem Toyota! Top Sëtzer, genuch Plaz fir jiddereen, e lëftegt Raumgefill dank nidderegem Tableau de Bord a vill praktesch Oflagen. An och fir ze Bedénge kommen net vill Rätsel op. Dat meescht fënnt een op de logesche Plazen an dierf esouguer nach mat engem Knäppchen aktivéiert ginn. Wat allerdéngs schued ass, dat ass de fade Faarfmix... donkelgro an all sengen Nuancen, dat war et. E bësse méi Pepp dierft awer scho sinn.

© Paul Origer
© Paul Origer

Den Undriff

Eis Testversioun war mol emol net déi déckst, de Business mat 77kW-Batterie, 165 kW Motorleeschtung, vir gedriwwen a maximal 607 versprache Kilometer. An dat goung fir den Alldagsgebrauch déck duer!

© Paul Origer

Op der Strooss

Wat e Genoss wann emol eng Kéier d'Dynamik an den Hannergrond réckelt an de Confort no vir. Net nëmme passt d'Sëtzpositioun, mee och d'Fuerverhalen an d'Schléckverméige vum Fuerwierk huet Toyota gutt hi kritt. Wat awer net heescht, dat net och Fuerspaass méiglech ass. Dat stoung beim C-HR+ nämlech am Cahier de charge. Mat deem klengen handleche Steierrad léisst den E-Toyota sech net nëmmen zackeg steieren, mee och gutt a vif rangéieren.

© Paul Origer

Säi Gewiicht a just zwee gedriwwe Rieder maache sech awer bei méi schëtzegem Fuerstil bemierkbar, dofir ass d'Fiederung ze mëll a bei Vollgas fänken d'Gummien un ze jéimeren. Mee léisst een et gemälleg ugoen, dann ass den C-HR+ ee perfekte Reeswon mat vill Confort, wéineg Kaméidi a virun allem zeréckhalendem Duuscht; ëm déi 14 – 15 kW-Stonnen ouni opzepassen ass ganz an der Rei. Mat enger voller Batterie kéinten esou ëm déi 480 km gepackt ginn. Eenzeg dat villt Gepiips vun den Assistenzsystemer huet genervt, soss hat ech tatsächlech net vill um C-HR+ auszesetzen.

© Paul Origer

Am Resumé

Flotten Design, keng iwwerdriwwe Moossen, an dobäi nach ee spuersamen a sprëtzegen Undriff. Firwat net emol een elektreschen Toyota? Zemools d'Tariffer mat minimum 41.100 Euro awer nach fair bleiwen.

© Paul Origer

Toyota C-HR+ EV um Internet

Back to Top
CIM LOGO