Grouss Nofro1 Joer Retard beim Ausbezuele vu Vëlosprimmen

RTL Lëtzebuerg
Obwuel beim Personal opgestockt gouf, géing een dem Traitement vun Demanden nach ëmmer hannendru lafen, äntwert d'Carole Dieschbourg dem Fred Keup.
© dpa/AFP/Archiv/Bernd Wüstneck

De Verkaf vun E-Bikes a Vëloe boomt zu Lëtzebuerg - mat allen Repercussiounen op d’Ausbezuele vun den entspriechende Primmen, wou een 1 Joer Retard huet, op den Datum, wéini d’Demande fir eng Primme fir en Elektro-Vëlo gestallt gouf.

Ugangs Juli ware ronn 10.500 Subside-Demandë fir E-Bikes nach net opgeschafft - zu deem Ament war een drun, d’Demanden ze traitéieren, déi am Summer zejoert eragereecht goufen.

D’Ëmweltministesch schwätzt vun engem immense Succès, deen d’Primme wärend der Pandemie haten, mat zwou décke Wellen un Demanden am spéide Fréijoer zejoert an nach eemol am Fréijoer dëst Joer, wou bis zu 6.000 Demanden de Mount erakomm waren. Et goufe Primmen ugefrot fir Vëloen, E-Bikes an och Autoen.

Well dëst en “exzeptionellen” Volume vun Demandë war, wier et zu de konsequent Retarde komm - et gouf zwar Personal opgestockt, mä nach ëmmer géif een dem Traitement vun den Demanden hannendru lafen, sou d’Äntwert vun der Ministesch Carole Dieschbourg op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum adr-Deputéierte Fred Keup.

PDF: Äntwert vum Carole Dieschbourg op parl. Fro vum Fred Keup

Back to Top
CIM LOGO