
Intressant Reunioun um Méindeg de Moien, wat déi annoncéiert belsch Vignette op Autobunnen an Nationalstroossen ugeet. D'Lëtzebuerger Delegatioun aus der interparlamentarescher Benelux-Assemblée gesi sech nämlech, fir d'Plenière vun dëser ze preparéieren, déi Enn der Woch ass. D'Lëtzebuerger Regierung ass jo iwwerhaapt net begeeschtert vun de belsche Vignette-Pläng.
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes sot eis d'lescht Woch, dass et hirer Meenung no ëm méi wéi just de renge Käschtepunkt fir d‘Automobilisten géing goen.
Mat der Vignette géifen d'Belsch d'Zesummeliewen an der Groussregioun a Fro stellen. D'Lëtzebuerger Sécherheetskonzept am Stroosseverkéier géif doduerch op d‘Kopp gehäit, well et wär ze fäerten, dass vill belsch respektiv franséisch Frontalieren op kleng Lëtzebuerger Duerfstroossen wiessele wäerten, fir d'Vignette net mussen ze bezuelen. De Sécherheetsrisiko géif klammen.
Soubal déi dräi belsch Regiounen Wallounien, Flandern a Bréissel d‘Texter iwwer d'Vignette verëffentlechen, wëll Lëtzebuerg se op europäeschem Niveau préiwe loossen.