
Nohaltege Kerosin geet dat? Airbus huet e Freideg eng éischte Kéier eng Maschinn getest, déi mat sougenannten “Sustainable Air Fuel” also nohaltegem Kerosin flitt, deen haaptsächlech aus alem planzlechen Ueleg zesummegesat ass.
D’Tester solle bis Mëtt 2023 virugoen, huet den europäesche Fligerproduzent annoncéiert. Mat éischte Resultater wier nach dëst Joer ze rechnen.