
Am drëtten Trimester dëst Joer waren et eng 11.500 Autoen, wat 12% méi wéi zejoert am selwechten Zäitraum sinn.
E groussen Deel vun de Constructeuren hätt mëttlerweil d’Problemer an de Liwwerkette kënne behiewen, sou dass d’Liwwerzäite sech och nees normaliséieren.
2023 goufe bis ewell 38.000 nei Autoen immatrikuléiert, wat der scho 6.000 méi wéi d’lescht Joer sinn.
All 5. neien Auto, deen am September verkaf gouf, war iwwerdeem 100% elektresch. De Bensinner huet awer mat 34% nach ëmmer d’Nues vir. Diesel-Autoe sinn - mat 16% vun de Venten - ëmmer manner gefrot.
Am beléiftste bleiwen déi grouss däitsch Marke VW, BMW, Mercedes, Audi a Skoda.