14 Méint gëtt de Boulevard tëscht der Monnerecher Strooss an der Avenue de la Paix fir gréisser Aarbechten zougemaach. E weidere Verkéiersknuet fir d’Minettsmetropole, dee mat Deviatioune soll aus der Stad eraus verluecht ginn.
Et ass déi éischt Phas vum Chantier wéinst dem Ëmbau vun der Kräizung mat der Lëtzebuerger Strooss. Vum 25. Februar u sollen déi néideg Arrangementer ronderëm den neie Supermarché gebaut ginn. Dorënner och eng Ramp fir an de Souterrain, erkläert den Escher Buergermeeschter Georges Mischo: “Dobäi kënnt vis-à-vis, mat Vue op 2035, en Arrêt fir de séieren Tram, deen de Boulevard wäert eropfueren an Esch mat der Stad verbënnt. Et gëtt op dësem Chantier direkt dovunner profitéiert, fir Stroossen an Déifbau-Aarbechten ze maachen fir, datt net e puer mol ugefaange ginn, mee alles direkt an engem Coup gemaach gëtt.”D’Ofspären tëscht der Monnerecher Strooss an der Avenue de la Paix wier laangfristeg déi séiersten an effizientste Méiglechkeet, fir dës Aarbechten ëmzesetzen. Zesumme mat de Ponts et Chaussées goufe groussraimeg Deviatioune geplangt, fir e komplette Verkéierschaos zu Esch ze evitéieren, esou de Buergermeeschter: “Fir datt d’Leit net zu Esch hänke bleiwe mä ronderëm fueren. Mir wäerten och eng verstäerkte Presenz vun eisen Agents Municipaux an der Police hei hunn, fir datt d’Schläichweeër evitéiert ginn. Besonnesch déi éischt Deeg, wann d’Automobiliste probéiere lénks a riets nach iergendwou duerchzekommen.”
Ze spéit kommunizéiert?
Déi offiziell Annonce vum Chantier d’lescht Woch huet op de soziale Reseau’en awer deels fir Roserei gesuergt. Déi Lénk vun Esch kritiséieren, datt zanter der Presentatioun vum Chantier op der Staatsstrooss 2021 virum Gemengerot net méi ëffentlech iwwert de Projet kommunizéiert gouf. D’Line Wies vun déi Lénk Esch: “Et gouf eng Kéier eng Kommunikatioun am Escher. Eng Zeitung déi d’Escher Bierger kréien, fir iwwert Themen an der Gemeng eppes gewuer ze ginn. Mä déi Kommunikatioun war am September 2021. Zanter hir goufen et keng Biergerversammlungen, näischt.”
Déi Kritik léist de Buergermeeschter awer net stoen: “Mir hate mam Syndic vun de Residencë vis-a-vis vum Chantier e reegelméissegen Austausch. A mir konnten net vill éischter kommunizéieren, well mer op eng Autorisatioun vum Ëmweltministère fir d’Ofholze vun de Beem gewaart hunn. Déi hu mer réischt rezent kritt.”
Dës Woch nach sollen d’Bierger e Flyer mat weideren Informatiounen zum Chantier an d’Boîte kréien. Déi 28 Beem, déi solle fortkommen, ginn iwwerdeems uechter Esch kompenséiert.