No Dronenaktivitéit iwwert dem Findel19 Flich goufen op aner Fluchhäfen ëmgeleet, op en Neits "Drone-Cellule" aberuff

Claudia Kollwelter
Bakir Demic
19 Flich a Richtung Findel, dorënner 17 vun der Luxair, hunn e Freidegowend missen op aner Fluchhäfen ëmgeleet ginn. Dat wéinst enger temporärer Spärung vum Fluchhafen no enger net autoriséierter Dronenaktivitéit.
En Donneschdeg kommen déi éischt Lëtzebuerger, déi zanter dem Ufank vum Krich am Noen Oste fest souzen, um Findel un.
Insgesamt 19 Flich a Richtung Findel hu missen e Freidegowend deviéiert ginn.
© RTL-Archiv

Betraff waren iwwer 1.800 Passagéier. D'Fligere goufen ënner anerem op Köln/Bonn, Bréissel, Frankfurt-Hahn, Léck, Paräis, Basel a Stroossbuerg ëmgeleet.

De Fluchhafen ass e Samschdeg zwar erëm normal op, ma et ass awer nach mat Retarde bei de Vollen ze rechnen.

Nieft de 17 deviéierte Luxair-Vollen, déi d'Airline och an engem Schreiwes confirméiert, war och jeeweils e Fluch vun de KLM Royal Dutch Airlines vun Amsterdam a vun Air Dolomiti vu Frankfurt concernéiert, wéi um Site vu lux-Airport ze liesen ass.

Beim éischte Fliger, dee vun der Spärung betraff war, huet et sech ëm e Luxair-Vol vun Heraklion gehandelt, dee géint 22:10 Auer hätt sollen um Findel landen.

Liest hei de Communiqué vun der Luxair

Interministeriell "Drone-Cellule" aberuff

An dësem Kontext deelt d'Regierung e Samschdeg de Moie mat, datt nees eng "interministeriell Drone-Cellule" aberuff gëtt. Esou eng Cellule war jo schonn en Donneschdeg aberuff ginn, nodeems Privatleit am Raum Miedernach potentiell Drone gemellt haten.

D'Schreiwes am Detail

Réunion de la Cellule d'évaluation interministérielle « drones » (19.09.2026)

Communiqué par : Cellule d'évaluation interministérielle « drones »

À la suite de la détection, dans la soirée du 18 septembre, de systèmes d’aéronefs sans équipage à bord (UAS) non autorisés à proximité de l’aérodrome, ayant entraîné la fermeture temporaire de l’aéroport, la Cellule d'évaluation interministérielle « drones » se réunira ce matin afin de procéder à une évaluation de la situation.

La Cellule d'évaluation réunit les représentants des administrations et services compétents en matière de sécurité, de protection du territoire et de surveillance de l'espace aérien.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO