Vun e Sonndeg u fiert den Tram da bis op Bouneweg. A Präsenz vum Mobilitéitsminister François Bausch an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer goufen déi zwee nei Arrêten “Leschte Steiwer” a “Lycée Bouneweg” ageweit.
Den neie Tronçon ass 1,2 Kilometer laang a féiert vun der Gare fort iwwert de Pont Buchler op Bouneweg, iwwert déi nei N3, de Boulevard de Kyiv. Dëse gouf jo no Kriticken nach séier an déi ukrainesch Schreifweis ëmgeännert. Bis Enn 2024 soll den Tram dann duerno weiderfueren bis bei de Stadion op der Cloche d’Or.
Fir d’Autoritéiten a Luxtram ass et an deem Kontext nawell iergerlech, datt den Tram beim geplangte Pôle d’échange Houwald op engem Deel an enger éischter Phas nëmmen eespuereg fuere wäert kënnen, well d’Proprietéitsverhältnisser vun engem Grondstéck net gekläert sinn. E Grondstéck, hannert deem den Olos Fund steet, wéinst deem de Flavio Becca an den Eric Lux viru Geriicht sinn. Den néidegen Terrain konnt dowéinst bis elo net expropriéiert ginn.
Iwwert de Summer gouf besonnesch iwwert de méiglechen Ausbau vum Tramreseau duerch d’Neipuertsgaass diskutéiert. De gréngen Transportminister huet sech Enn August souguer an engem oppene Bréif zu Wuert gemellt, fir z’ënnersträichen, datt et “net virgesinn ass, mam Tram duerch de Stater Park ze fueren”.
Zil wier et, en stabillen an attraktiven Tramsreseau ze kréien, ouni datt sech déi verschidde Linnen am Zentrum am Wee stéingen. Duerfir wier deen neie Bypass duerch de Boulevard Royal an d’Neipuertsgaass virgesinn. De Minister verséchert d’Neipuertsgaass an de Park wieren no den Aarbecht “méi schéin a méi gréng” wéi elo.
Weider Infoen zu der Ouverture e Sonndeg ginn et um Site vu Luxtram.
