
Hannert dëser Sortie vun de Motocyclisten, déi vum ACL-Siège an der Stad iwwer 170 Kilometer via Housen, Béiwen a Biekerech op Sëll fueren, stécht och eng Zort “politesch” Revendicatioun: den Automobilclub wëll Promotioun vum Moto als Alternativ zum Auto maachen.
Der SNCA no goufe 50% méi Motorradspermisen ausgestallt wéi 2019. Eng 950 Leit hunn hire Motorradsführerschäi mat Succès gemaach.
De Motos-Tour de 16. Oktober start um 13.30 Auer an der Stad. De komplette Parcours fannt Dir hei.