
Et ass eng éischte Kéier, datt et an der Europäescher Unioun méi Neizouloossunge vun Hybrid-Autoe gouf wéi vun Diesel-Gefierer. Wéi Acea e Mëttwoch matgedeelt huet, louch den Undeel vun Hybrid- an Diesel-Neizouloossungen zejoert jeeweils bei 19,6 Prozent. Mat 1.901.239 Hybrid-Autoe goufen der 2021 liicht méi zougelooss wéi Dieselen, do waren et der 1.901.191. Am Verglach: 2020 ware just 11,9 Prozent vun den nei-immatrikuléierte Gefierer Hybriden, déi nieft engem Verbrenner-Motor och en Elektromotor mat enger Batterie u Bord hunn.
E Plus gouf zejoert net just bei den Hybride verzeechent, ma och bei rengen Elektroautoen a Plug-In-Hybriden, déi mat engem Stroumkabel geluede kënne ginn. Bei de Plug-In-Hybride gouf et par rapport zum Joer virdrun eng Hausse vun 71 Prozent op 867.000 Gefierer. D’Elektroautoen hunn ëm gutt 63 Prozent zougeluecht op 878.000 verkaafte Ween, wat 9,1 Prozent vun allen Neizouloossungen entsprécht. Zesummen hunn Elektroautoen a Plug-In-Hybriden zejoert also 18% vun den immatrikuléierten Neiween ausgemaach.
Spëtzereider bleift weiderhin de Bensinner mat 40 Prozent. Zesumme mam Diesel koumen d’Verbrenner zejoert op en Undeel vu knapp 60 Prozent.