Sécherheet op der Strooss2022 ginn 52 "geféierlech" Stroossebeem gehaen

RTL Lëtzebuerg
D'Beem laanscht d'Stroosse sinn nach ëmmer ee vun de Facteure vu schroe Verkéiersaccidenter.

Zanter 2 Joer huet d’Stroossebauverwaltung eng Etüd lancéiert, wouranner eng 140 Beem laanscht 20 geféierlech Strecken identifizéiert goufen, déi och ewell fir uerg Accidenter gesuergt hunn.

Nach dëst Joer ginn dovunner 52 Beem gehaen an nees op anere Plaze kompenséiert.

All Joer kuckt d’Verwaltung vun de Ponts et Chaussées awer och, fir Leitplanke virun de Beem ze installéieren: bannent de leschten 3 Joer goufen op dës Manéier 25 Kilometer Strooss securiséiert, ouni datt Beem hu misste gehae ginn - zwou vun dëse Strecke sinn tëscht Bëttel a Furen a bei Äischen.

E Pilotprojet leeft iwwerdeem aktuell op der Streck tëscht Gonnereng an Eescheler (CR 132): do sollen d’Beem net gehaen, mee an d’Felder niewendrun ëmgeplanzt ginn. Duerfir mussen natierlech d’Proprietäre vun den Terrainen averstane sinn - dat soll duerch Subsiden erreecht ginn. Dëse Projet gëtt et bis ewell just an der Gemeng Jonglënster a soss néierens am Land.

All dës Detailer a punkto potentiell geféierlech Stroossebeem liwweren d’gréng Ministeren Dieschbourg a Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der CSV-Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen.

RTL-Informatiounen no sinn zejoert 9 Leit bei Accidenter ëm d’Liewe komm, wou Automobilisten an e Bam gerannt sinn.

Back to Top
CIM LOGO