Bilan vum Chantier am Gousseler Tunnel250 Kamerae goufen ersat a 50.000 Meter Kabel verluecht

RTL Lëtzebuerg
Et war e Chantier, dee jo vill Chaufferen de ganze Summer iwwer op der A7 geplot huet.
© RTL Archiv

De Mobilitéits- a Bauteminister François Bausch liwwert elo Prezisiounen zu den Aarbechten op der A7 am Gousseler Tunnel. Den DP-Deputéierten André Bauler, wéi och d’CSV-Deputéiert Martine Hansen hate sech via parlamentaresch Froen iwwer Detailer renseignéiert.

Ënner anerem sinn 250 Kameraen erneiert, a 50.000 Meter Kabel verluecht ginn. Och déi 2.800 Luuchte vum Viaduc Luerenzweiler goufen ausgetosch. Et gouf op zwou Schichte à 10 Stonne geschafft. De Verkéier ass bidirektional gelaf. D’Vitesse gouf op 50km/h limitéiert a via Radar kontrolléiert. Risiko-Analysen hätten erginn, datt mat enger Limitt vu 70km/h d’Sécherheet net hätt kënne garantéiert ginn.

Am Tunnel Gousselerbierg gouf profitéiert, fir d’Hierscht-Maintenance matzemaachen an zwar ass dat den 11. an 12. September geschitt. D’Botzaarbechte ginn elo tëschent dem 24. a 26. Oktober realiséiert.

Back to Top
CIM LOGO