Op enger Surface vu ronn 3 Hektar gi Beem ewechgehaen. Dës Beem mussen dem neien Tracé vum Tram Plaz maachen. Als Contre-partie, ginn an de Gemengen Nidderaanwen, Jonglënster a Luerenzweiler Eechen an Hecke geplanzt.
3 Méint sinn ageplangt fir d’Beem ëmzehaen. An enger nächster Etapp gëtt de Kierchbierg mam Findel ugebonnen. Dofir muss eng Bréck iwwer d’Tréierer Autobunn gebaut ginn. Dës Aarbechte sollen am Januar 2022 ufänken.
4 Kilometer laang gëtt de neien Tracé. Nieft 3 weidere Ramme ginn d’nächst Joer och nach 12 Tramschauffer agestallt. Ausserdeem sollen nach Lignen dobäi kommen.
Enn 2023 sollen d’Aarbechten tëscht dem Kierchbierg an dem Findel fäerdeg sinn. An 8 Minutte soll een da mam Tram vum Kierchbierg op de Findel an ëmgedréit brauchen.