
De Loftverkéier ass eng vun deene Branchen, déi am schwéierste betraff si vun der Corona-Pandemie an déi huet och de Findel schwéier getraff.
Et gouf fir d’lescht am Joer 2003 esou wéineg Passagéier um Lëtzebuerger Fluchhafen. Par Rapport zu 2019 ass et eng Baissen vun 68%.
Vu Mäerz bis Mee gouf et iwwerdeems kee reguläre Passagéierfluchverkier wéinst de staarke Reesbeschränkungen. Wärend där Zäit huet de Findel awer eng entscheedend Roll an der Pandemie gespillt. Dat virun allem a Saache Fracht a Medezin.
Wat d’Fracht ugeet, gouf et deementspriechend och eng Hausse vu 6% géigeniwwer 2019. An Zuele goufe Wuere vun 947.000 Tonne registréiert.