Automag75 Joer Losch Lëtzebuerg - Interview mam Thierry Beffort

Christian Schmit
Andy Brücker
Am Kader vu 75 Joer Losch Lëtzebuerg hate mir d'Geleeënheet genotzt, mam CEO Thierry Beffort e Réckbléck, ma och en Ausbléck ze woen.
© Christian Schmit

Eng Zäitrees vum Passé eriwwer an d’Zukunft gouf et Ufank Juli an der Luxexpo um Kierchbierg ze gesinn, wéi Losch Lëtzebuerg op hir grouss Gebuertsdagsfeier invitéiert hat. Fir eis hat de Christian Schmit dierfe gratuléieren, an dat stellvertriedend fir de ganze Grupp Losch, zu deem elo 11 Marken gehéieren, dem CEO Thierry Beffort.

Automag: 75 Joer LOSCH

Mat enger Zäitrees goufen d’Invitéeë begréisst, ugefaange mam legendäre VW Käfer.

Thierry Beffort: "Mir hu probéiert e klengen Tunnel ze maachen, fir ze weisen wéini huet et ugefaangen, 1948 mam Martin Losch, duerno den André Losch, deen dat iwwerholl huet. An duerno da fir ze weisen, wou si mir haut drun.”

Omnipresent natierlech d’Famill Losch, an notamment den André Losch, dee jo bis zu sengem Doud d’Geschécker am Haus geleet huet.

1948, nom zweete Weltkrich, Nokrichszäit, eng schwiereg Zäit fir do en däitschen Auto op Lëtzebuerg ze importéieren.

Thierry Beffort: “Et ass dat, wat den Här Losch ëmmer gesot huet. Et war deemools eng Pionéieraarbecht. Voilà kuerz nom Krich fir do op Wolfsbuerg ze fueren an do di éischt 11 Käferen ofzehuelen an zu Lëtzebuerg iwwer d’Bréck ze fueren, an dann ebe säi Gléck ze versichen. Dat war wierklech Courage deemools, an et ass opgaangen.”

No a no si jo dunn ëmmer méi Marken dobäi komm.

Fir den Anniversaire goufen et awer och nieft Dramautoen och e puer Modeller ze bewonneren, déi eng éischte Kéier am Grand-Duché gewise goufen.

Thierry Beffort: "Ech menge mir hu op probéiert op der enger Säit e bëssche Historie ze weisen, dat mam Modell T1 an aneren. Mir hunn dat gewisen, wat mir haut verkafen, wat am Showroom steet, an da mam VW ID.7 an den Audi A6 E-Tron zwee Modeller, déi eng Avant-Première sinn, an nach net hei zu Lëtzebuerg ze gesi waren.”

Driving Dreams heescht et jo esou schéin, do hunn dann och d’Prestigemarke Porsche, Bentley a Lamborghini net dierfen am Scheinwerferliicht feelen.

Da wollte mir awer och vum CEO Thierry Beffort wëssen, wou d’Rees an Zukunft higeet. D’chineesesch Offensiv an der Automobilindustrie mécht net ze vill Suergen?

Thierry Beffort: "Nee, ech mengen och do an deene 75 Joer huet ee ganz Villes erlieft. Fréier sinn d’Japaner dobäi komm, déi och hire Match gemaach hunn, déi Fouss gefaasst hunn an Europa. An trotzdeem, Konkurrenz deet ëmmer gutt, belieft d’Geschäft, d’Chinese wéi BYD oder MG, dat sinn haut Marken déi um Marché sinn, an elo musse mir kucken, dass mir eis gutt positionéiere mat eisen Elektromodeller an d’Positioun stäerken.”

Esou oder esou muss ee sech deem Defi stellen, an et gëtt e sech zouversiichtlech.

Thierry Beffort:“E ganz gutt Gefill. Mir hunn d’Chance dass mir e grousse Konzern hunn. All déi Marken, déi mir vertrieden, wou mer soen, do ass extrem vill nach am Petto. An den nächsten zwee Joer gëtt et e Feierwierk u Produiten, virun allem an der Elektromobilitéit a mir freeën eis drop.”

Ma da prost op di nächst 75.

SITE: Losch Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO