Norwegen80% vun den nei immatrikuléierten Autoen zejoert ware reng elektresch

RTL Lëtzebuerg
An Norwegen ass de Wiessel vum Verbrennungsmotor, eriwwer bei d’Elektromobilitéit scho wäit virukomm.

80% vun den neien Autoen, déi am skandinavesche Land d’lescht Joer ugemellt goufen, haten e reng elektreschen Undriff.

Dat ass, ouni Iwwerraschung, Weltrekord.

Konkret waren et eppes méi wéi 138.000 nei Elektroween, an 1 vu 5 Autoen op norwegesche Stroosse fiert mëttlerweil reng elektresch.

Am Verglach, d’Moyenne an den EU-Staaten läit bei knapp 9% vun Elektro-Venten fir déi éischt 9 Méint vun 2022. Hei zu Lëtzebuerg sinn et knapp méi wéi 5% Elektroautoen, op de ganze Fuerpark gekuckt vu ronn 425.000 Autoen.

Op en Elektroauto, deen een a Norwegen keeft, brauch een iwwregens bis e Wäert vun ëmgerechent knapp 50.000 €, keng TVA drop ze bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO