Zu Spëtzenzäiten90 km/h-Vitesslimitatioun op der Autobunn soll weider ausgebaut ginn

Tim Morizet
Am Juni 2019 goung se an d‘Testphas, zanter September 2020 gehéiert se zum Alldag fir esou munchen Automobilist.
90 km/h-Vitesslimitatioun op der Autobunn soll weider ausgebaut ginn
Eng positiv Erfarung, déi een an Zukunft wëll iwwert de ganze Contournement ronderëm d’Stad, a souguer doriwwer eraus, ausbauen.

Op der Areler A6 bis d‘Sortie Kierchbierg op der A1 ass d’Vitesse Moies zu de Spëtzenzäiten op 90 Kilometer d’Stonn limitéiert. Iwwert déi lescht 4 Joer si knapp 10 Prozent méi Autoen op dëser Streck bäikomm. An awer ass d‘Zuel un Accidenter erofgaangen. Eng positiv Erfarung, déi een an Zukunft wëll iwwert de ganze Contournement ronderëm d’Stad, a souguer doriwwer eraus, ausbauen.

Dat natierlech just zu de Spëtzenzäiten. Besonnescht staarkt bremse bei héijer Vitess mécht, datt de Risk fir Accidenter an Zéifloss klëmmt. Eng homogene Vitesse setzt d‘Kapazitéit vun der Strooss erop. Manner Accidenter, obwuel den Trafic vun der A6 a Richtung Kierchbierg klëmmt, esou de Roland Fox, Direkter vun der Stroossebauverwaltung.

Dat ëm 8 bis 10% an de Spëtzestonnen. Et mierkt een awer och, datt verschidden Automobilisten de System net verstinn an awer laanscht briederen, wann et kuerz geet an dann awer e puer honnert Meter méi wäit op d‘Brems spréngt.“

Eng Majoritéit vun den Automobilisten hält sech un d‘Vitesslimitatioun. Eng Mesure, déi sech am Ausland déi lescht Joren ëmmer nees bewisen huet.

De François Bausch, Mobilitéitsminister: „Dat huet mech elo awer och net esou iwwerrascht. Dat si Modeller, déi mëttlerweil och a Frankräich, an Däitschland, oder op villen anere Plazen an den Asaz kommen. Déi positiv Erfarunge solle mer och elo kucken, fir um Contournement anzesetzen, respektiv op aneren Autobunnen.“

Eng Mesure also, déi zu Lëtzebuerg an Zukunft an den Asaz wäert kommen, erkläert een eis och bei der Ponts et Chaussée. Den Ament gëtt d‘Auerzäit virprogramméiert, respektiv eng Vitesslimitatioun misst manuell declenchéiert ginn.

Momentan ass et just Moies tëscht 6.45 an 9.15 Auer. Eist Zill wier et, fir et kënnen anzeschalten, wann d‘Situatioun op der Strooss et fuerdert, iwwert de ganze Contournement, bis erop op de Kierchbierg. Dat ass d’Zil. Mir wëssen, datt dat och eppes wäert bréngen, mee den Ament happert et un der technescher Ëmsetzung. De bestoenden CITA-System erlaabt et nach net, dat ganz ze automatiséieren.“

De CITA-System huet Sensoren op der Autobunn: dësen zielt d‘Autoen, moosst déi generell Vitesse an d‘Auslaaschtung vun der Streck. De System aus den 90er soll iwwert déi nächst Joren adaptéiert ginn, erkläert de Roland FoxX:

Zil ass, wa bis d’A3, déi nei Diddelenger Autobunn, a Betrib ass, de System uechter d‘Land och anzesetzen. Ech rechne mat 4 bis 5 Joer wou mer nach musse programméieren an haart dru schaffen.“

Bis, datt d‘Vitesse also op 90 - Moies oder Owes am Beruffstrafick – limitéiert gëtt wäert also nach e bëssen Zäit vergoen.

Back to Top
CIM LOGO