
Gestreikt soll schonn en Dënschdeg den Owend ginn, iwwer 95% vun der Basis hunn sech fir d’Néierleeë vun der Aarbecht decidéiert, esou de GDL-Chef Claus Weselsky. Gebraucht goufe just 75%. De Streik gëllt fir d’Spart DB Cargo a soll um 19 Auer ugoen. Fir de Persouneverkéier geet de Streik e Mëttwoch de Moien um 2 Auer un. Schluss soll e Freideg um 2 Auer Moies sinn, sou de Claus Weselsky. Leit déi mat der Bunn reesen, musse sech op Verspéidungen an Annulatiounen astellen.
De Chef vun der Gewerkschaft vun de Maschinisten hat nees refuséiert, ouni nei Offer vun der Däitscher Bunn un de Verhandlungsdësch ze goen. Eng Null-Ronn wëll een net akzeptéieren, d’Gewerkschaft fuerdert eng däitlech Corona-Primm an eng Hausse vum Akommes vun op d’mannst 3,2% bei 28 Méint Lafzäit.
De Personalchef vun der Däitscher Bunn, de Martin Seiler, schwätzt am Kader vum Streik vun enger “Attack op dat ganzt Land”. Wéinst Perten an der Pandemie an och no den Héichwaasserschied wëll d’Bunn gären eng méi spéit Erhéijung, sou dass d’Verträg elo mol nach géifen esou weider lafen.