SpritpräisserA Frankräich geet den Tankrabatt vu 15 Cent op 30 Cent de Liter erop

RTL Lëtzebuerg
Nach genee 1 Woch laang leeft de sougenannten Tankrabatt vu 7,5 Cent pro Liter op de Spritpräisser hei am Land.

Genee wéi an Däitschland, wäert en duerno wuel auslafen. Op alle Fall gouf et nach vu staatlecher Säit keng aner Annonce.

Frankräich dogéint fänkt dann eréischt sou richteg un an erhéicht déi staatlech Participatioun pro Liter Diesel oder Bensin op den 1. September op ganzer 30 Cent, an dat bis Enn Oktober. Am November an Dezember sinn et dann nach ëmmer 10 Cent. Bis ewell hat de franséische Staat 15 Cent pro Liter iwwerholl.

Domadder wier de Sprit dann a Frankräich däitlech méi bëlleg wéi heiheem bei eis.

Als Beispill: zanter dësem Mëttwoch kascht 1 Liter Diesel bei eis elo 1,84€ mat de 7,5 Cent Tankrabatt schonn ofgerechent. Am Hexagon géif 1 Liter Diesel deemno vum nächsten Donneschdeg un ëm 1,70€ kaschten.

Back to Top
CIM LOGO