A villen europäesche Länner sinn d'Warnwesten am Fall vun engem Accident oder bei enger Pann virgeschriwwen. Mä och bei eis am Land dinn ëmmer méi Leit fräiwëlleg eng Warnwest un, wann se op der Autobunn oder op der Landstrooss aus hirem Auto klamme mussen. Den AutomobilClubEuropa (ACE) huet an Däitschland d'Qualitéit vun de Warnwesten iwwerpréift.

7 vun 10 Gileten hunn deen Test net gepackt. Si giffen net staark genuch reflektéieren, esou d'Kritik vum ACE. Eng autoriséiert Warnwest muss d'EU-Norm EN471 anhalen. Déi siwen kontestéiert Warnwesten hätten den EN471-Logo, obwuel se manner staark reflektéieren wéi vun der Norm virgeschriwwen. Donieft huet den ACE bei ville Westen och den ëmständlechen oder onzouverlässegen Verschloss kritiséiert.

Déi eenzeg dräi ‚gutt' Gileten sinn: AW-Schutz (warntex.de), Polytex (och warntex.de) an Profex (Obi).