Ponts et chaussées gesinn zousätzlech baulech Mesurë skeptesch
Den Autobunnsreseau gëtt mat Kameraen iwwerwaacht an d'Leit gi gewarnt, wann e Geeschterfuerer op hirer Streck ënnerwee ass.
Viru knapp zwee Méint ass et op der A7 tëscht den Tunnelle Miersch a Gousselerbierg zu engem déidleche Verkéiersaccident komm, wéi zwee Autoen aneneegerannt sinn. Eent vun deenen zwee Gefierer war dobäi dee falsche Wee op der Autobunn ënnerwee. De Marc Hoscheid huet nogefrot, wéi et zu esou Incidente komme kann an ob ee se an Zukunft vläicht besser verhënnere kéint.
Dräi bis véier Geeschterfuerer kritt ee beim Cita am Duerchschnëtt pro Mount gemellt. Déi wierklech Zuel dierft awer nach ee Krack méi héich leien. Wéi vill et der genee sinn, wier schwéier ze soen, well sech d'Situatioun dacks méi séier kläre géing, wéi d'Operateuren an der Cita-Zentral zu Bartreng et op de Kameraen nokucke kéinten. Wat d'Grënn ugeet, géing een dovunner ausgoen, datt a ganz ville Fäll Alkohol am Spill ass, ma deels hätten d'Leit Problemer mat der Orientatioun an deels géinge se express falsch fueren. Wann et zu esou engem Incident kënnt, lancéiert ee beim Cita ee virgefäerdegte Zenario. De Kevin Rupp, Chef de Service Cita bei Ponts et chaussées, beschreift, wéi deen ausgesäit.
"Doduerch ginn all d'Panneauen an deem Beräich vun der Vitess op 50 Kilometer maximal erofgedrosselt. A falls mer eng Informatioun méi kënnen uginn, sief et an Textform, dann ass dat 'Geeschterfuerer' oder 'Attention contresens', jee nodeems wou mer eis befannen a 'Serrer à droite' respektiv "Nach rechts ziehen". Dat heescht, mir ginn de Leit schonn d'Informatioun, 'passt op, mir hunn ee Geeschterfuerer, fuert méi lues an zitt no riets wannechgelift.'"
Beim Cita huet een eng 1.300 Kameraen, déi den Autobunnsreseau iwwerwaachen. Ongeféier d'Hallschent dovunner sinn "normal" Kameraen, déi aner Hallschent sougenannt Detektiounskameraen. De Kevin Rupp erkläert, wat et domadder op sech huet.
"Detektiounskamerae si Kameraen, déi mir asetzen, déi eng Technologie implementéiert hunn, déi kënnen ee Stëllstand, ee Piéton zum Beispill, also ee Foussgänger oder Débri op der Strooss detektéieren. Déi notze mir am Prinzip haaptsächlech an den Tunnellen oder op spezifesche Plazen, déi e bëssi méi geféierlech sinn um Reseau. Mä an der Majoritéit ass dat an eisen Tunnellen."
Bei Ponts et chaussées verweist een dorobber, datt Autobunnsopfaarte sou amenagéiert sinn, datt een am Fong automatesch richteg geleet gëtt. Dobäi kéim, datt wann ee falsch op d'Autobunn fiert, engem dat esouwuel duerch d'Feiler um Buedem wéi och duerch op d'mannst zwee Sens-unique-Schëlder an zwee Schëlder déi eng Hand, d'Sens-unique-Zeechen an d'Wuert Stopp weisen, signaliséiert gëtt. Zousätzlech baulech Mesuren, déi zum Beispill d'Pneue futti maachen, gesäit ee skeptesch. De Paul Mengen Directeur adjoint bei Ponts et chaussées.
"Et géif ee jo dann ee Gefier unhalen, dat dann op enger Bretelle géif stoen, wou deen aneren Trafic erofkënnt. Dat heescht, dee géif einfach mol do hänken, d'Leit géifen d'Bretelle eroffueren an do an een Obstacle rennen. Dat ass dat Éischt, dat Zweet ass, et hätt een dann och ee Gefier, wou d'Leit sech kéinte verletzen oder den Auto wär getéitscht oder sou weider, dat wier jo och nach ee gréissere Problem. Also bis lo ass dat eppes, wat sech néierens am Ausland iergendwéi duerchgesat huet."
Zu Lëtzebuerg géing et eng 160 Bretelle ginn, déi een esou ekipéieren a wou een zwee Mol pro Joer Maintenanceaarbechten duerchféiere misst. Doriwwer eraus wieren esou Installatiounen och ee Problem fir d'Rettungsdéngschter, déi bei enger Partie Interventiounen, notamment an Tunnellen, dee falsche Wee op d'Autobunn fuere mussen.
Wann een op der Autobunn ënnerwee ass an de Message kritt, datt ee Geeschterfuerer ënnerwee ass, ass et den Tuyau, entweder op der Standspuer stoen ze bleiwen oder, wann ee bei engem Echangeur ass, ganz lues op der Standspuer vun der Autobunn eroffueren. An och wann engem opfält, datt ee selwer de Geeschterfuerer ass, soll een op der Standspuer stoe bleiwen an um 112 respektiv dem 113 uruffen an no Hëllef froen.