Contournement fir Housen2021 soll de Bau lassgoen, 2 Joer méi spéit soll e fäerdeg sinn

Christophe Hochard
Eng 18 Dausend Gefierer quëtsche sech all Dag duerch Housen. Si benotzen d'Haaptstrooss, d'E421, fir an d'Éislek erop oder erof an d'Land ze kommen.
E Contournement fir Housen
Eng 18 Dausend Gefierer quëtsche sech all Dag duerch Housen. Si benotzen d’Haaptstrooss, d’E421, fir an d’Éislek erop oder erof an d’Land ze kommen.

Si ass d’Liewensoder tëscht dem Norden an dem Zentrum. An dës Strooss ass nawell an d’Jore komm. Dat léisst sech net méi verstoppen.

D’Léisung, e Contournement, soll elo Realitéit ginn. Dës nei Strooss soll spéider hannert der Tankstell an der Apdikt am Rondpoint erauskommen. Wann ee vun der Stad eropkënnt, verleeft en also lénks hannert der Uertschaft.

Duerch déi aktuell Strooss soll spéider keen Transit méi fueren. 4 Kilometer laang gëtt de Contournement a verleeft op 3 Bunnen. 4 Brécken an een Tunnel ginn och gebaut.

Am Hierscht 2021 soll mam Bau vum Contournement ugefaange ginn. 2 Joer méi spéit soll e fir den Trafic opgoen. Käschtepunkt: eng 70 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO