
D'EU wëllt hir Autosindustrie, déi an der Kris stécht, schützen a beschränkt dowéinst den Import vu Plugin-Hybriden an Hybridautoen aus China. Vun Dezember un dierfe pro Joer net méi wéi 350.000 Hybridgefierer aus China an der EU verkaaft ginn, huet d'EU-Kommissioun en Dënschdeg matgedeelt. Dorop hate sech den EU-Handelskommissär Maros Sefcovic an de chineeseschen Handelsminister Wang Wetao am Oktober gëeenegt.
Den Import aus China hat sech an de leschten zwee Joer versechsfacht, op méi wéi 300.000 där concernéierter Gefierer 2025. Fir dat lafend Joer geet d'Kommissioun op en Neits vun enger massiver Hausse aus. Vum Dezember u gëllt elo déi nei Limitt vun héchstens ronn 15 Prozent méi Autoen, wéi China d'lescht Joer an der EU ofsetze konnt.
Déi virleefeg Quot, déi formal héchstens fir 200 Deeg a Kraaft bleift, gëtt pro Quartal ofgerechent. Vun Dezember 2026 bis Enn Februar 2027 dierfen also ronn 87.500 chineesesch Autoen an d'EU verkaaft ginn. Gëtt déi Grenz net erreecht, dierfen am nächste Quartal méi Gefierer importéiert ginn. Fir dass déi iewescht Grenz de Reegele vun der Welthandelsorganisatioun WTO entsprécht, gëllt se offiziell fir bal all d'Handelspartnere vun der EU. Ausgeholl sinn d'Staate vum Europäesche Wirtschaftsraum Liechtenstein, Island an Norwegen, grad esou wéi d'Ukrain a Kenia. Ausserdeem ginn et Ausname fir eng Rei vun Entwécklungslänner.
No den 200 Deeg muss d'Kommissioun e laangfristege Virschlag maachen, deem déi 27 Memberstaaten zoustëmme mussen. Dës Propos soll d'Quot vu knapp 350.000 Gefierer am éischte Joer confirméieren, duerno soll d'Limitt schrëttweis klammen, sou wéi d'WTO-Reegelen et virschreiwen. Déi chineesesch Constructeuren hunn hiert europäescht Geschäft staark op Hybridautoen ausgeriicht, nodeems d'EU op reng Elektrogefierer aus China zanter 2024 Taxen erhieft.