E Chantier am Kär vun Dikrech huet e Méindeg vill Stau provozéiert an och déi lescht Deeg koum et a Spëtzen-Zäiten ëmmer rëm zu Zéifloss.

Dat well d’Rue du Pont komplett erneiert gëtt. De Georges Michels, Chef vum Service Industriell Gemeng Dikrech erkläert:

De Georges Michels

“Also et ass ganz kloer, vue dass et e kruziale Punkt ass. D’Rue du Pont ass zou. Mir hunn hei dee grousse Kreisel, wéi mir ëmmer soen, deen ass elo natierlech mat zwou Pisten net méi méiglech. Dat heescht, mir hunn en Double Sens gemaach. Dat bedéngt natierlech, dass Leit, déi gewinnt sinn, wärend Joerzéngten am Circuit ze fueren duerch Dikrech, och lues a lues mussen ëmdenken. Ma lues a lues ass elo gutt gesot. Se hate vu sonndes bis méindes Zäit. Dat huet natierlech dozou bäigedroen, dass méindes awer vill Leit iwwerrascht waren an dann natierlech an de Verkéier komm sinn.”

D’Luuchte sur Place goufen awer elo adaptéiert an d'Leit géife sech lues a lues un Deviatioune gewinnen. De Verkéier wier zéiflësseg, et géing awer rullen, sou de Georges Michels ofschléissend.

Bis Enn des Joers soll de Chantier op der 120 Meter laanger Stréck daueren. Fir méi Sécherheet ze garantéieren wäert d'Police hei méi Presenz weisen.

“Mat der Police ass dat doen ausgeschafft ginn. Mat hinnen ass och kloer definéiert ginn, fir och e puer Kontrollen ze maachen, wou d’Police och wärend de Spëtzestonnen e bëssen hëlleft, de Verkéier duerchzewénke bei der rouder Luucht. Do spille si eng aktiv Roll an dat fonctionéiert vun Dag zu Dag besser.”

Ganzer 110 Schaffdeeg si virgesinn. Wärend dem Congé collectif am Summer gëtt net geschafft. D’Gemeng géif deen Ament awer profitéieren, fir kleng Aarbechten ze maachen.

D’Rue du Pont bleift also och de Summer iwwer zou.