280 Kilometer an der Stonn, bal 300 Kilometer wäit an null Emissiounen
Dat versprécht de Lilium Jet, en elektresch bedriwwene Fliger, e sougenannten "Evtol", eng "electric-vertical-take-off-and-landing"-Maschinn.
Se starten a landen nämlech wéi en Helikopter. Entwéckelt gouf dëse Model vun enger Münchener Start-up a soll an Zukunft ënnert anerem och vu Lëtzebuerg aus fléien.
Lilium schafft dofir mat Luxaviation zesummen, e wichtege Partner mat jorelaanger Experienz a Punkto Businessflich. 1 Pilot a 6 Passagéier kann de klengen Jet vun A op B fléien. An iergendwann soll dat esou bëlleg gi wéi Taxi fueren.
Mat 10 bis 20 Maschinne wëllt een ufänken, spéider dann e puer Honnert am Service hunn. Kléngt futuristesch, ass awer guer net méi souwäit ewech, emol Wierklechkeet ze ginn. 2024 soll den éischte kommerzielle Vol sinn. Nach bleift awer villes ze klären. Detailer a Biller vum Lilium Jet am Reportage.