"Feeler kënne gemaach ginn", esou reagéiert de Stater Mobilitéitsschäffen op d'Kritik vum Zentrum fir urban Gerechtegkeet

"Eis Diere sinn op a mir kënnen eis zesumme mat den zoustännege Servicer un en Dësch sëtzen" mat deene Wierder reagéiert den DP-Verkéiersschäffen op Kritik vum Zentrum fir urban Gerechtegkeet. De sougenannten ZUG hat Ufank der Woch am RTL-Interview kritiséiert, et géif un Transparenz feele vu Säite vun der Stater Gemeng, wat verschidde Chifferen uginn. Ënnert anerem goung et dobäi ëm 30er-Zonen. De Patrick Goldschmidt erkläert. Natierlech hunn ech d'Servicer ugestallt, dat nach emol nozekucken. Do ass bestëmmt eppes drun. Sief et, datt déi eng et mat nationale Stroossen an Autobunne geholl hunn, an déi aner net. Vläicht gouf et och e Feeler. Mir mussen eise Servicer vertrauen, mä Feeler si mënschlech a kënne gemaach ginn. Mir wäerten awer am Detail dorop zréck kommen.

Extrait Patrick Goldschmidt (1)

Et géif hei op alle Fall net drëm goen eppes ze verstoppen. Am Endeffekt geet et em d'Sécherheet an d'Wuelbefanne vun all de Leit, déi an d'Stad kommen. Mir an och d'Servicer waren iwwerrascht. An d'Kritik, datt net all Dokument erausgeet, muss ech soen, datt eis juristesch Servicer soen, wat erausgeet a wat net. Et ass net esou, datt d'Politik seet "Déi do kréien näischt". Esou funktionéiere mir net.

Extrait Patrick Goldschmidt (2)

De Patrick Goldschmidt huet nach betount datt een d'Leit vum ZUG proposéiert hätt, sech zesumme mat den zoustännege Servicer un en Dësch ze sëtzen.