Fir méi Gerechtegkeet an de Stied a méi Transparenz vun den Administratiounen

© RTL-Archiv
D'Aktiviste vum ZUG wëlle mat hiren Aktiounen op Mëssstänn opmierksam ze maachen, déi soss vläicht net un d'Ëffentlechkeet komm wieren.
Honnerten illegal Zebrasträifen an eng Participatioun, déi den Numm net verdéngt, dat sinn nëmmen zwee Reprochen, déi de sougenannten Zentrum fir urban Gerechtegkeet géintiwwer der Stad Lëtzebuerg formuléiert. D'Sabrina Backes huet mam Kollektiv geschwat, dee sech fir méi Gerechtegkeet an de Stied, méi Transparenz an en oppenen Dialog asetzt.
Den Zentrum fir urban Gerechtegkeet gëtt et a senger haiteger Form eréischt zanter leschtem Joer. Bei hire Projete kuckt de sougenannten ZUG virun allem no Problemer, déi sech an de Stied ofspillen an ëffentlech Infrastrukture concernéieren.
Dozou den Thorben Grosser, Matgrënner a Projektmanager beim ZUG: "Et ginn zum Beispill Projeten, do kucke mer, wéi gëtt d'Infrastruktur gefléckt. D'Stad Lëtzebuerg huet zum Beispill ee Site, fir futtis Poubellen oder Lächer an der Strooss ze mellen, dee Site funktionéiert awer net fir Leit, déi blann sinn oder net gutt gesinn an dofir hu mir e Programm gebaut, deen dës Informatiounen automatesch op Twitter setzt."
Op der Twitter-Säit vum sougenannten "Report-it" vum Kollektiv kéint een dann och gesinn, ob dës Problemer effektiv behuewe goufen, wat op der Säit vun der Stad Lëtzebuerg net de Fall wier.
Am meeschten huet den "Center for Urban Justice" wéinst den Zebrasträife vu sech schwätze gedoen. D'Membere vum Kollektiv hunn, eegenen Aussoen no, iwwer 1.700 Zebrasträifen analyséiert, fir erauszefannen, ob se konform si mam Code de la Route oder net. 400 wieren duerchgefall, well se net déi virgeschriwwen Distanz vu 5 Meter zu enger Parkplaz oder engem Busarrêt anhalen. D'Stad Lëtzebuerg weist dee Reproche zréck an argumentéiert, et wieren der vill manner. 37 fir genee ze sinn. Elo geet et an déi nächst Ronn. Nodeems d'Stater Gemeng refuséiert hat oppen ze leeën, wéi se op hir Zuele komm sinn, huet den Zentrum déi zoustänneg "Commission d'accès aux documents" saiséiert. Dat heescht awer net, datt se automatesch elo Accès kréichen.
"Dat heescht, esouguer wann d'Commission d'accès aux documents seet, d'Stad Lëtzebuerg soll déi Donnéeën erausginn, kënne si ëmmer nach déi Donnéeë verstoppen a keng Transparenz schafen. An da misst een ebe kucken, ob et och ee juristesche Wee gëtt, fir un déi Donnéeën ze kommen, well déi Donnéeë si jo och net besonnesch geheim, et geet jo hei net ëm national Sécherheet, mä et geet just dorëms, wéi sidd Dir op déi Zuel komm, wéi Dir et ëffentlech am Gemengerot gesot hutt, wat jo all Bierger eppes ugeet."
Den Ament ass den ZUG nach vill mam Projet "Safe Crossing" beschäftegt. Mä et stéiert ee sech och un aneren Aussoe vun de Gemengeresponsabelen.
"Virun e puer Wochen huet d'Buergermeeschtesch behaapt, dass 87% vun de Stroossen a Lëtzebuerg 30er-Zone wieren an déi Donnéeë goufen iwwerpréift an dat huet sech einfach als Ligen erausgestallt. Et wieren, wann iwwerhaapt, 35%, an egal wéi een déi Zuelen dréint, déi Ausso stëmmt net. Dat heescht, mir wëllen do méi Transparenz schafen a méi Zuele verëffentlechen."
D'Aktiviste vum Zentrum fir urban Gerechtegkeet hoffe mat hiren Aktiounen, op Mëssstänn opmierksam ze maachen, déi soss vläicht net un d'Ëffentlechkeet komm wieren.