Eenzege Bemol ass d'Opfaart vun der Autobunn zu Fréiseng. Bis haut ass nach keen eenzegen Auto iwwer dës Strooss gefuer.

Grond: e Proprietär, deen dëst Stéck Strooss net einfach esou hierginn wollt. Elo hunn d’Geriichter tranchéiert.

Am Mee sollen d’Aarbechten un der Opfaart ufänken. Virum Summer kéinten dann déi éischt Autoen dëst Deelstéck benotzen.

D'Saarautobunn. Zanter dem 24. Juli 2003 ass Lëtzebuerg mat der däitscher Säit duerch dëst Stéck Strooss verbonnen. Virun allem fir déi däitsch Frontalieren bedeit dës Autobunn Erliichterung am Stroossentrafic. Am September 1997 huet de Projet Bau vun der Saarautobunn ugefaangen. Ronn 21 Kilometer laang ass se.

Mëttlerweil sinn nees vill Joren an d'Land gezunn. Opfaart ass weiderhin gespaart, wärend d'Natur am Gaangen ass, sech lues mee sécher nees op dësem Stéck auszebreeden. Virun allem vill Mooss huet sech hei um Tapis duerchgesat. Plazeweis wiisst och Gréngs aus dem Asphalt eraus.

Trotz allem also elo gëtt et Liicht um Enn vum Tunnel.