Als éischt Stad an Däitschland gëtt zu Tréier vu Juni un eng nei Technik getest, déi Automobiliste pëtzt, wa se wärend dem Fueren den Handy benotzen.

De Pilotprojet mam Numm "Monocam" gouf vun der hollännescher Police zesumme mat der Universitéit Utrecht entwéckelt a soll en hallwe bis ee Prozent vun alle Chaufferen erwëschen, déi mam Handy um Steier ënnerwee sinn. En Donneschdeg war déi nei Technik zu Mainz getest ginn, wou - trotz Hiweisschëld - eng 20 Autoen a Camionen d'Stonn erwëscht goufen.

D'Kamera, déi op enger Bréck positionéiert gëtt, léist aus, wann en Handy oder eng entspriechend Handbeweegung erkannt gëtt. Doropshi solle speziell forméiert Polizisten de Verstouss nach op der Plaz auswäerten. An Däitschland kascht d'Notze vum Handy um Steier bis zu 100 Euro a gëtt mat engem Punk zu Flensburg bestrooft.

Zil vum Projet wier et, Accidenter ze verhënneren an d'Zuel vun de Verkéiersdoudeger a -blesséierter ze limitéieren.