Wéi d’Auktiounshaus Sotheby’s matdeelt, ass e Mercedes Coupé 300 SLR Uhlenhaut vun 1955 bei enger Stee fir 135 Milliounen € ënnert den Hummer komm.

Vun deem Prototyp gëtt et weltwäit just zwee Exemplairen, a se hu bis ewell dem Mercedes-Benz Musée selwer gehéiert.

Mam Erléis wëll den däitsche  Konstrukteur e Fong fir Stipendien ariichten, mat deem Fuerscher am Beräich vun der De-Karboniséierung ënnerstëtzt ginn.

RTL

Den Auto, deen u e private Sammler goung, ass bal 3 mol sou deier wéi dat deierst Gefier vu bis ewell – e Ferrari GTO  deen 2018 fir 45 Milliounen € versteet gouf. De Mercedes ass elo och ënnert den Top10 vun den deiersten Objeten, déi jee versteet gi sinn.

RTL

Ferrari 250 GTO