Nei BusnumerotatiounAktuell muss ee bësse méi oppassen, a wéi ee Bus ee klëmmt

RTL Lëtzebuerg
Zënter e Méindeg hunn all RGTR-Busser nei Nummeren. Dat huet bei deem engen oder anere Passagéier fir Irritatioun gesuergt.
Ronn 300 RGTR-Busser goufe nei numeréiert
Am Kader vun der RGTR-Reorganisatioun goufen nei Busnummere verdeelt. Dat huet bei enger Partie Passagéier fir Irritatioun gesuergt.

Schonn 2016 huet ee mat der Reorganisatioun vum RGTR ugefaangen. An dësem Kader gouf ënnert anerem de ganze Busreseau iwwerschafft. Den Ofschloss vun dëser Reorganisatioun mécht dann eng nei Numerotatioun op de Bussen. Vun e Sonndeg op e Méindeg goufen d’Nummeren dann elo geännert.

Op de Quaien huet dat bei deem engen oder anere Passagéier fir Duerchernee gesuergt. Déi eng siche sech Hëllef beim Buschauffer, déi aner kucken no der Destinatioun, déi vir drop steet an ignoréieren d’Nummer. D’Administratioun fir den ëffentlechen Transport seet, et hätt een d’Leit an de Bussen iwwert d’Changementer informéiert an et steet och op den Tableauen drop. Ma de Message war um Dënschdeg awer nach net bei jidderengem ukomm.

Sou seet eng Passagéierin: “Ech krut dat net mat a war ganz iwwerrascht, wou op eemol eng aner Nummer op mengem Bus stoung. Ech sinn awer mat vollem Vertrauen einfach erageklommen an op der richteger Plaz erauskomm.” Och aner Passagéier haten dat nach net matkritt, ma et wier awer net dramatesch an eppes, u wat ee sech rëm séier winnt.

Déi nei Busnummere sinn net zoufälleg gewielt ginn, mee et stécht eng Logik dohannert. Ma logesch wieren déi lescht Nummere fréier och gewiescht. Duerch déi nei Upassung um ganze Busreseau hunn déi al Nummeren awer kee Sënn méi erginn. Elo erkennt een un de Chifferen, a wéi eng Richtung de Bus fiert an op et en Express-Bus ass oder net.

D’Busnummer setzt sech weiderhin aus 3 Zuelen zesummen. Déi éischt beschreift d’Richtung, an déi de Bus fiert. 1 steet zum Beispill fir den Norde vum Land, 2 fir Iechternach, 3 fir Waasserbëlleg an esou geet et der Auer no weider. Déi zweet Zuel seet eppes iwwert den Typ vum Bus aus. 0 steet hei fir express, also Busser, déi an der Reegel just een Arrêt an all Duerf hunn. Déi drëtt Nummer ass dann, fir Busse mat der selwechter Destinatioun ze ënnerscheeden.

Wéi ee Bus neierdéngs wéi eng Nummer huet, kann een hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO