Zanter 2008 gëtt un der Liaison Micheville gebaut. Et ass aktuell dee gréisste Schantje vu Ponts et Chaussées hei am Land.

Dësen Tronçon bënnt d'franséisch Grenzregioun déisäits de Frichen iwwer Belval-West un d'Escher Autobunn un. Rond-pointen a Brécken entstinn hei. Zweck vun der neier Strooss ass et, de Camionsverkéier aus Esch erauszehalen a Bieles besser un de Stroossereseau unzebannen.

Den Ament lafen d'Aarbechten um neie Rond-point. Zu deem Kreesverkéier gehéiert och eng nei Bréck, e wichtegt Puzzelstéck vun deem ganze Projet.

Zanter dem 16.Dezember 2016 ass d'Stéck tëscht Villerupt an der Lëtzebuerger Grenz fir den Trafic op. Am Juli d'nächst Joer soll dann de kompletten Tracé fäerdeg gebaut sinn. Am Total sinn et 2,5 Kilometer. Am Hierscht 2016 gouf d'Bréck iwwer d'Bielesser Strooss gebaut an och si huet eng wichteg Funktioun.

35 Milliounen Euro kaschten déi aktuell Aarbechten. De Budget vum komplette Projet läit bei 330 Milliounen Euro.