Den Trajet vu Lëtzebuerg an déi belsch Haaptstad dauert an der Moyenne dräi an eng hallef Stonn. Dat soll an Zukunft änneren.

D'Zuchstreck Lëtzebuerg-Bréissel verbënnt net just zwou europäesch Haaptstied. Vu Bréissel aus kann een och an Direktioun belsch Plage, an Holland oder weider an England reesen. Attraktiv ass d'Streck duerch d'Ardennen awer net. Den Trajet dauert an der Moyenne eng dräi an eng hallef Stonn. Zanter Joerzéngte gëtt reegelméisseg op belscher Säit gerappt a geklappt fir ze moderniséieren. Dat ass och den Ament nees de Fall, de ganze Mount August iwwer.

Fir d'Frontalieren aus der belscher Provënz Lëtzebuerg fänkt dës Woch d'Rees mam Zuch op d'Aarbecht eréischt op der Gare vu Klengbetten un. E Samschdeg misst sech dann d'Situatioun nees bis op Marbehan erop normaliséieren. Bis den 28. August soll dee kolossale Schantjen, dee 24 Stonnen op 24 eng 100 Aarbechter op belscher Säit mobiliséiert, ganz ofgeschloss sinn. Ersat ginn d'Leitungen op enger Distanz vu 67 Kilometer.

An Zukunft solle méi Zich, méi laang Zich, méi schwéier Zich, méi séier fueren. D'Vitess soll vun 130 op 160 Kilometer an der Stonn eropgesat ginn. An dofir brauchen d'Maschinne méi Power. Nei Koffer-Dréit gi gespaant. Duerch déi, wéi haut schonn op Lëtzebuerger Säit, 25.000 Volt lafe wäerten.

Parallel goufen iwwer déi lescht Joren op deene 67 Kilometer an 150 Kéieren d'Schinnen nei an d'Bett geluecht. Souguer ganz Fielswänn hu misse geschlaff ginn. D'Quaie goufen verlängert. Fir an Zukunft och a Sécherheet, mat eben 160 Kilometer an der Stonn, duerch d'Ardennen ze fueren.

Den Ament ginn d'Zich duerch de Bus ersat. Eleng tëscht Libramont an Arel ass dofir den Trajet duebel sou laang. Wat och e Mëttwoch de Moie méi wéi een un d'Schweesse bruecht huet.

Nach e wéineg Gedold. A Bréissel soll endlech, aus der Perspektiv vun der Bunn, méi no u Lëtzebuerg eru réckelen. Elo emol 20 Minutten. Am Horaire vun der SNCB sti vu September un Zich tëscht Bréissel-Gare du Nord a Lëtzebuerg, déi da just nach sollen dräi Stonne brauchen. Domat ass een dann awer nach e Stéck ewech vun den zwou Stonnen, déi emol virun 10 Joer dank dem Asaz vun engem Pendolino ugestrieft goufen.