"Paakt de Park net un!", esou de Message vum René Kollwelter un de Stater Schäffen- a Gemengerot. Hie war iwwer Jore selwer Conseiller an och Deputéierten.

Haut huet hie keng politesch Funktioun an och keng LSAP-Parteikaart méi – an awer geet hien an d'Offensiv, wann den Tram Deeler vum Park kéint zerstéieren. Och - oder grad wann - déi lescht Decisioun nach net geholl wier, misst ee sech wieren, an an deem Sënn ass de René Kollwelter formell: Et dierf een de Park, deen e Monument National wier, net futti maachen.

René Kollwelter zu der neier Tram-Linn / Monique Kater

Wann dem René Kollwelter eppes op d'Nerve geet, ass hien een, deen nawell ze fäerten ass. Loosst d'Patten ewech vum Stater Park - dee Message vum fréiere Kommunalpolitiker ass kloer an däitlech an engem Schreiwes formuléiert. Seng Nues seet him, dass effektiv net just Beem laanscht d'Neipuertsgaass condamnéiert sinn, mee och en Deel vun der Kinnekswiss.

Am Mobilitéitsplang, deen ugangs nächst Joer an d'Chamber soll kommen, hätt hie gesinn, dass se sech net géife genéieren, op d'Ligne droite ze goen, tëscht dem Rond-Point Schuman an dem Hamilius – egal wat dotëscht léich. An domadder wieren hien an de groussen Deel vun der Stater Bevëlkerung net averstanen.

"Mir wäerten eis wieren!"

24 Joer am Gemengerot – do misst ee wëssen, wéi d'Stater – pardon – wéi d’Politik en général hei am Land funktionéiert. Déi nämmlecht Partei kommunal a national un der Muecht – do verléiert een, seet de René Kollwelter.

Hien hätt festgestallt, dass se all an Deckung gaange wieren. Natierlech wier een an der Situatioun, wou d'Regierung d'Gemeng, an d'Gemeng d'Regierung blockéiert. Déi grouss Parteie wieren der Meenung, dass dat hei – wat en Deel wier vum nationale Plang - misst acceptéiert ginn.

"Verkéierspolitesch idiotesch!"

An hei kritt och seng fréier Partei – haut wier hien net méi Member, sou de René Kollwelter – der e puer laanscht d'Baken. Hie wéisst net, ob se géinge schlofen, oder nach a Vakanz wieren – mee u sech wier dat him haut egal. D'Variant Glacis-Boulevard Royal wier decke Blödsinn a sollt aus dem Mobilitéitsplang eraus.

Wann d'Chamber dat hei fir de Vott virleien hätt, soll se d'Meenung vun enger ganzer Rei Leit net ignoréieren. Et wier ee beonrouegt. An da wier nach keng Riets gewiescht vum Käschtepunkt, sou de fréieren LSAP Conseiller an Deputéierten. Hei géif iwwerdriwwen, et wier vu vir bis hannen idiotesch, eleng fir dräi Minutten ze wannen.

A net just fir hie wier et hei  e klore "Neen". De René Kollwelter fuerdert mat sengem Schreiwes och all Kandidat fir an d'Gemengewalen op, Faarf ze bekennen an dësem konkrete Fall.