CFLNo Tëschefall an Tunnel: Ersatzbusser vum 12. September un, RGTR gëtt verstäerkt

RTL Lëtzebuerg
Fir den Ausfall vun den Zich tëscht Clierf an Ettelbréck opzefänken, gëtt de Busreseau an der Regioun temporär ausgebaut a verstäerkt.

Nom Incident am Tunnel Schieburg bei Kautebaach proposéieren d’CFL hire Clienten eng Rei Alternativen. Vun nächstem Méindeg un zirkuléieren Direktbusser tëscht Klierf an Ettelbréck, déi 42 Minutte fir deen Trajet brauchen.

Eng weider Busnavett verbënnt d’Uertschafte Klierf a Kautebaach, dee Bus soll 34 Minutte brauchen.

All dës Busser fueren eemol d’Stonn.

Nieft den Navettë ginn och RGTR-Linnen ausgebaut respektiv temporär agesat. Och Park and Riden laanscht d’Nationale 7 gi reamenagéiert, fir e besseren Accès zu de Bussen ze hunn. Derbäi komme Changementer bei den Horairen a Frequenzen op den Zuchlinnen, déi betraff sinn.

En Dënschdeg wëllen d’CFL och op enger Pressekonferenz weider Informatioune matdeelen. Et bleift iwwregens dobäi, datt den Tunnel mat Sécherheet net virun Mëtt Dezember wäert opgoen.

D'Schreiwes vun den CFL mat allen Detailer

Back to Top
CIM LOGO