Strooss en Dënschdeg nees opAn der Gemeng Dippech goufen um Sonndeg gréisser Aarbechte lancéiert

Christophe Hochard
An der Lonkecher Strooss zu Schuller ass e grousst Lach. A genee op dës Plaz gëtt eng Bréck installéiert.
Tunnelaarbechten an der Gemeng Dippech
An der Lonkecher Strooss zu Schuller ass e grousst Lach. A genee op dës Plaz gëtt eng Bréck installéiert.

Zanter e Sonndeg lafen déi opwänneg Aarbechten. Tëscht 6 an 10 Stonne brauch et, fir den Ouvrage op seng definitiv Plaz ze drécken. 500 Tonne Gewiicht gëllt et ze beweegen.

Zwou hydraulesch Presse sinn am Asaz, fir dës Aarbechte minutiéis genau auszeféieren. Am Prinzip kënnen 3 Meter pro Stonn gedréckt ginn. Dobäi ass et wichteg, d’Kabele vun der Post, Stroum a Waasser, déi ënnert dem Buedem verlafen, net ze touchéieren

Mat dësen Aarbechte sollen d’Uertschafte Schuller a Sprénkeng matenee verbonne ginn. Ausserdeem kënnt et zur Renaturéierung vun der Mess an en Iwwerschwemmungsschutz ass garantéiert.

Wann alles no Plang verleeft, misst d’Strooss - d’N5 - en Dënschdeg nees fir den Trafic opgoen.

Back to Top
CIM LOGO