Beléiftsten Autoen zu Lëtzebuerg
Mercedes, Audi a BMW musse sech op de viischte Plazen am Ranking geschloe ginn

© Jenny Ueberberg / Unsplash
Volkswagen bleift déi beléiftste Mark vun neien Autoen hei zu Lëtzebuerg.
4.964 VWe goufen am Laf vum leschte Joer immatrikuléiert, dat mécht knapp 12 Prozent vun alle Venten aus. Dat geet aus de Chiffere vun 2022 vun der Febiac ervir, der Federatioun vun de Garagisten.
Hannendru komme Mercedes mat 4.060 nei Gefierer, Audi mat 3.800 a BMW mat 3.750. Et goufen och eng Rei Luxusmarke kaaft, beispillsweis 113 Ferrarien, 71 Lamborghinien a Rolls Royce'en.
De komplette Klassement fënnt ee bei de Kolleege vu 5minutes.
Embed Nesser
Am meeschte gelies