Den Autobunns-Tronçon ass vun e Freideg den Owend 21 Auer bis en Méinden de Moie géint 6 Auer komplett fir den Trafic gespaart.
Op enger Pressekonferenz zu Esch hunn déi Responsabel vun de Chantieren, also an der Haaptsaach Ponts et Chaussées an d’Gemeng Esch, versicht ze berouegen. Et hätt ee gutt Léisunge fir den Trafic fonnt, sou den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo. “Mer sinn iwwerzeegt, dass et net dee Chaos gëtt, deen an der Press ugekënnegt ginn ass.”
Fir den Tronçon vun der A4 gëllt déi komplett Spärung och just de Weekend, wéi den Direkter vum Service fir kommunal Aarbechte Lucien Malano erkläert. “Ponts et Chaussées mécht do den Amenagement fir d’Preparatioune fir d’Liaison Micheville. Vun e Méinden un wäert den Trafic op deem Tronçon och erëm an 2 Richtunge lafen.”
Dat allerdéngs bis de Summer a béide Richtungen just op enger Spuer. Den Direkter vu Ponts et Chaussées Roland Fox seet, bei der Liaison Micheville géing sech geschwënn eppes doen. “Et gesäit een elo och vu baussen, dass mer an déi lëscht Phas kommen. Eist Zil ass et, dass mer am spéide Fréijoer mat 2 Mol enger Spuer kënne ronderëm fueren.”
Ëm de Joreswiessel wëll een da mam ganze Projet fäerdeg sinn.
De Chantier um Boulevard Grand Duchesse Charlotte um Tronçon tëscht der Avenue de la Paix an der Kräizung Lallenger Kierch soll 14 Méint daueren. Hei gëtt ënner anerem eng Ramp fir en ënnerierdesche Parking fir den neie Supermarché gebaut an Aarbechte fir de séieren Tram gi gemaach, wéi de Lucien Malano erkläert. “Op der Kräizung Avenue de la Paix schëldere mir vu muer un aus, dass d’Leit sollen de Wee iwwer d’Avenue de la Paix, Place de la Paix an da Jean-Pierre Michels Strooss a Richtung Lëtzebuerger Strooss huelen. An zréck, wann ee vun der Stad oder Schëffleng kënnt um selwechte Wee soll dohinner fueren.”
D’Deviatioune si mat de Signalisatiounen ofgestëmmt. Repercussiounen op den Trafic hätte Chantieren awer natierlech ëmmer, heescht et.