D'Busarrêten, déi an enger Stad sinn, sollen allgemeng net an enger Abuchtung sinn, mee direkt op der Strooss, präziséiert de Minister Bausch.
Nom uerge Accident vun e Méindeg am Neiduerf an der Stad, mat 3 Doudesaffer an enger schwéier blesséierter Persoun, stelle sech eng Rei Froe ronderëm d'Sécherheet am Verkéier, dat virun allem am stättesche Raum. D'Busarrêten, déi an enger Stad sinn, sollen allgemeng net an enger Abuchtung sinn, mä direkt op der Strooss, esou den Transportminister François Bausch: "Et geet och drëms, dass déi Busarrêten, déi am stättesche Raum sinn, dat ass net nëmmen an der Stad esou, dat ass am ganze Land esou, dass déi net an enger Abuchtung funktionéieren, well fir d’Sécherheet insgesamt dat vill dozou bäidréit, datt et besser ass, well wann natierlech vill Leit aus dem Bus erausklammen, déi hunn d’Tendenz iwwert d’Strooss ze goen. Dat heescht, dass den Automobilist och signaliséiert kritt 'Opgepasst, hei ass e Busarrêt'.
Dëst géing fir méi Sécherheet suergen, well den Automobilist gezwongen ass, hannert dem Bus ofzebremsen a lues ze maachen. De Bus iwwerhuelen ass jo hei am Land net verbueden.
Et sollt een als Automobilist awer och bedenken, dass Leit, déi aus engem Bus erausklammen, dacks wëllen iwwer d'Strooss goen, esou nach de François Bausch. De Minister huet dowéinst betount, dass d'Vitesse grad an enger Stad un déi verschidden Eventualitéite sollt ugepasst sinn: "Wann e Bus do steet, da muss ee lues maachen an da soll ee kucken, ob net Leit grad eriwwer gi lénks a riets. Dat heescht, et ass schonn eng gewësse Virsiichtsmoossnam, déi dat beinhalt, déi och international iwwerall sou gemaach gëtt. Mir sinn am stättesche Raum, et ass 50 eigentlech erlaabt..."
Weider betount de Minister, dass hien net dacks genuch kéint widderhuelen, dass en Automobilist, ëmmer rëm misst dovunner ausgoen, dass Imprevuen op d'Strooss kommen. D'Verhale vun de Leit am stättesche Raum wier hei komplett anescht, wéi ausserhalb vun enger Stad an do muss een sech einfach als Autofuerer adaptéieren.